Den Trio Cénacle setzt sech zanter senger Grënnung mam franséische Schrëftsteller a Politiker Victor Hugo auserneen. Dat geet vum Numm vum Ensembel iwwer eng Optragskompositioun - a ganz rezent - bis hin zu der Publikatioun vun engem Album.
E Méindeg, 22. Mee presentéiert den Ensembel dësen Disk mam Titel "Victor Hugo - La poésie chantée d'un visionnaire" am CNA. De Luc Boentges huet mat der Sopranistin Evelyn Czesla an der Pianistin Michèle Kerschenmeyer vum Trio Cénacle geschwat.