De Kammermusekfestival Catch Music ass dëst Joer fir d'zweet. Vum 4.-6. Mee kann een zu Bouneweg an der Église Marie Reine de la Paix esou wéi am Sozialbistro Le Courage kuerz Concerten lauschteren. Den Entrée ass gratis. De Festival wëllt jonke Museker:innen eng Bün ginn, an d'klassesch Musek fir jiddweree méi accessibel maachen.
D'Marie Trussart huet mat den Organisatricen, der Cathy Krier an der Laurence Koch, geschwat.