A Groussbritannien ass et den Ament schwéier, deem groussen Evenement aus dem Wee ze goen: D'Kréinung vum Kinnek Charles de 6. Mee.
Zu London bereet ee sech op deen historesche Moment vir, an an de Souvenirs-Geschäfter ginn natierlech nei Gammë presentéiert, déi extra fir deen Evenement hiergestallt goufen.
En Tour duerch d'Butteker ënner där berüümter Tower Bridge mat eiser Korrespondentin Elodie Goulesque.