arrow_back_ios
Aktuelles
Wéi kënnen déi elektronesch Medie reguléiert ginn?
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Lëtzebuerg an Europa brauchen eng kloer an eenheetlech Gesetzgebung fir d'Regulatioun vun den elektronesche Medien. Doriwwer ware sech gëschter Owend alleguerten d'Acteuren eens beim Optakt vun enger Konferenz iwwer zwee Deeg vun der Lëtzebuerger Medienopsiicht ALIA an deem Kontext. Dat lescht Gesetz hei am Grand-Duché wat sech mam Sujet befaasst, feiert am Juli säin 32. Anniversaire. Den Internet deemools an haut sinn awer net méi matenee vergläichbar: eng Reform ass méi wéi fälleg. D'Paule Rodesch informéiert.