Aktuelles
Glyphosat zu Lëtzebuerg erlaabt
4 min
Den Asaz vu Glyphosat ass zu Lëtzebuerg nees erlaabt. Dat huet d'Cour administrativ an zweeter Instanz confirméiert, well de Verbuet vum Planzeschutzmëttel net rechtméisseg war. Greenpeace, wéi och de Mouvement écologique, fuerderen, datt d'Regierung all juristesch Méiglechkeeten notze soll, fir datt d'Planzeschutzmëttel Glyphosat weiderhin hei am Land verbuede bleift. Et géif nach vill ongekläert juristesch Froen iwwer d'Auswierkunge vu Glyphosat op d'Gesondheet an d'Biodiversitéit ginn. De President vun der Bauerenzentral Christian Wester gesäit dat anescht: Glyphosat wier vu villen Instanze getest ginn, an d'Bauere géife mat Verantwortung dovu Gebrauch maachen. Ausserdeem wier de Pestizid zu Lëtzebuerg bis elo souwisou schonn net am grousse Stil agesat ginn, esou nach de Christian Wester.
D'Sophie Schroeder mat weideren Detailer