Wëll een d'Michel Becquet International Competition gewannen, féiert kee Wee laanscht déi nei Kompositioun vum Georges Sadeler. De lëtzebuergesche Komponist a Militärmuseker huet nämlech eent vun den zwee Flichtstécker fir d'Finall vum Concours, de 16. Abrëll zu Maarnech am Cube, geschriwwen.
De Luc Boentges huet mam Georges Sadeler iwwer seng Approche an d'Iddien hanner dem Stéck "Fragments" geschwat.