Aktuelles
Geplangte Reform fir d'Aktivitéit vun den Dageselteren
4 min
D'Unzuel un agreéierten Dageselteren ass zu Lëtzebuerg weider réckleefeg. Op den 31.Dezember 2022 gouf et 395 Agremente fir Dageselteren, 2019 waren et der nach 532. Eng grouss Roll kéint dobäi de "Bildungsrahmenplan" spillen, deen am Joer 2017 agefouert ginn ass. Den Educatiounsminister Claude Meisch hat op eng parlamentaresch Fro geäntwert, datt et sécherlech eng Rëtsch Dageseltere gëtt, déi an de leschte Joren opgehalen hunn, well si sech iwwerfuerdert duerch de Bildungsoptrag spieren. Mat enger Reform soll d'Assistance parentale nees un Attraktivitéit gewannen.