Aktuelles
Amnesty International iwwer d'Anhale vun de Mënscherechter
4 min
An dem iwwer 500 Säite laange Joresrapport huet Amnesty International d'Anhale vun de Mënscherechter an 156 Länner ënner d'Lupp geholl. Als éischt konnt hei festgestallt ginn, wéi ënnerschiddlech d'Memberstaaten vun de Vereenten Natiounen op verschidde Krise reagéieren. Hei wënscht sech Amnesty International, datt sech déi international Gemeinschaft op eng méi eenheetlech Duerchsetzung vun de Mënscherechter verstännegt. Weider gesäit Amnesty International a ville Staaten d'Meenungsfräiheet a Gefor. Och d'Gewalt géint Frae gëtt am Joresbilan vun Amnesty International nach ëmmer als ee grousse Problem beschriwwen. Och zu Lëtzebuerg gesäit den Olivier Pirot nach ee grousse Problem an der Gewalt géint Fraen.