Aktuelles
Genormte Kontrollen an der Ëmweltverwaltung
4 min
Am Ganzen 255 Produiten aus 69 Verkafsplaze goufen zejoert op net-konform chemesch Substanze kontrolléiert. Dorënner ware 50 Alldagsgéigestänn, mat deenen de Mënsch oft a vill Kontakt huet, wéi Zännbiischten, Fitnessbänner oder Buedzëmmer-Teppecher. Hei misst iwwer een Drëttel aus der Vente geholl ginn. Opfalend ass och, datt vun 103 gepréiften Desinfektiounsmëttel bal d'Hallschent net konform ware mat zum Beispill deem, wat op den Etikette stoung. Europäesch Reglementatioune sollen dofir suergen, datt europawäit no de selwechten Norme kontrolléiert gëtt. Esou Reglementatioune géifen awer weiderhi stoen a fale mat de Kontrollen, déi duerchgefouert musse ginn. Wichteg wier et weiderhin, ze sensibiliséieren.