Dauer: 10 Minutte Virbereedung & 50 Minutte Baken
Fir de Kuch brauche mir:
300 g Miel (am beschten Typ 55)
4 Kaffisläffel Bakpolver
200 g Zocker (brongen oder wäissen Zocker)
125 ml Raps Ueleg
200 ml vegan Mëllech (z.B. ongeséisst Soja Mëllech)
Jus vun 2 Orangen
Schuel vun 2 Orangen (gerappt)
2 Kaffisläffel Vanill Extrakt
Fir d'Glasur brauche mir:
Ronn 90 g Pudder Zocker
2 Zoppeläffel Orangëjus (alternativ: Zitrounejus)
Fir d'Dekoratioun brauche mir:
E bësse Schuel vun den Orangen
Virbereedung:
De Schäffchen op 180 Grad Celsius opwiermen
Eng laang Bakform mat e bësse Raps Ueleg afetten
D'Miel an d'Bakpolver an enger Schossel zesumme mëschen
Den Zocker dobäi mëschen
An enger weiderer Schossel de Raps Ueleg, d'Mëllech, den Orangëjus, d'Orangëschuel an de Vanill Extrakt mëschen
De flëssege Mix bei den dréchene Mix dobäi ginn
Den Deeg an d'Bakform schëdden a fir ronn 50 Minutte baken, bis de Kuch gëlle brong ass
Fir d'Glasur, de Pudderzocker an den Orangëjus mëschen
D'Glasur mat engem Läffel iwwer den ofgekillte Kuch lafe loossen
Fir d'Dekoratioun, e puer gerappten Orangëschuelen op d'Glasur geheien