arrow_back_ios
Aktuelles
Réckbléck op den nationalen Aschreiwungsdag
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
E Samschdeg war d'Journée Nationale de l'Inscription. D'Gemenge waren opgeruff deen Dag iergend eng Initiativ ze huelen, fir den Auslänner d'Méiglechkeet ze ginn sech um fräie Samschdeg op d'Wielerlëschten anzedroen. Plazeweis war just den zoustännege Büro (oder Guichet) an der Märei e puer Stonnen op, anerwäerts ass ronderëm nach e wéineg Animatioun organiséiert gewiescht. De Maurice Molitor war zu Nidderaanwen, Stengefort an an der Stad.