arrow_back_ios
Song vum Dag
E Lidd op d'Mooss gemaach
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
A Frankräich gehéiert de 36-Järege Flavien Berger zu de spannendste musikaleschen Talenter. Mat engem Playstation-Spill huet hie sech als Teenager d'Produzéiere bäibruecht an haut gëtt all nei Plack vun der Musekspress a vum Publikum gespaant erwaart. E Freiden ass et esou wäit, da stellt de Kënschtler säin drëtten Album "Dans Cent Ans" vir. A fir eis e klenge Virgeschmaach ze ginn, huet d'Claudine Muno eis d'Single "Feux follets" als Song vum Dag matbruecht.