arrow_back_ios
Aktuelles
CGDIS: Lëtzebuergesch Hëllef an der Tierkei geet op en Enn
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
D'Humanitär Missioun vu Lëtzebuerg am Äerdbiewegebitt an der Tierkei geet an zwou Wochen op en Enn. Dat seet den Tom de Waha, Stellvertriedende Chef vum Humanitarian Intervention Team vum CGDIS. Den Ament sinn nach zwee Lëtzebuerger Pompjeeën op der Plaz fir ee Kooperatiounszentrum mat opzeriichten. Zesumme mat zwee Norweger an dräi Dänen bauen se 12 Container op an deenen Leit sollen logéiere kennen déi fir Konferenze vun der UNO, internationalen Organisatiounen an ONGen, kommen.