Song vum Dag
You don't own me - oder dach?
6 min
Wann een am Kader vum Weltfraendag no Lidder mat engem feministesche Message sicht, da kënnt een net laanscht "You Don't Own Me" vun der amerikanescher Musekerin Lesley Gore. Deen Titel gëllt als eng vun den éischte feministeschen Hymnen, geschriwwen 1963, also viru genee 60 Joer. Deemools war de Message, deen do an e perfekte Popsong verpaakt gouf, onerhéiert. An och haut ass en nach relevant, dat fënnt op alle Fall d'Claudine Muno an huet sech en dofir als Song vum Dag erausgesicht.