arrow_back_ios
Aktuelles
Lëtzebuerg co-finanzéiert Solarenergie a Finnland
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
40 Milliounen Euro investéiert Lëtzebuerg an d'Produktioun vu Solarenergie a Finnland. Béid EU-Staate bedeelege sech mat dësem Projet un engem neien europäeschen Instrument fir d'Finanzéierung vun erneierbaren Energien.
Vun der Solarenergie, déi bei dësem Projet fir een Zäitraum vu 25 bis 30 Joer a Finnland produzéiert gëtt, kréich Lëtzebuerg 80 Prozent fir säin Zil vun erneierbaren Energien ugerechent.
Wat Lëtzebuerg konkret vu sengem Invest huet, dat huet de Serge Kesseler nogefrot.