arrow_back_ios
Aktuelles
Assises du logement
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Gëschter (22.2.) waren d'Assises du Logement: e grousse Meeting vun nobäi 200 Acteuren aus alle Beräicher vum Secteur an der Abtei Neimënster - op Invitatioun vum zoustännege Minister Henri Kox. Do gouf also diskutéiert iwwer ee vun de gréissten - wann net DEE gréisste - Problem, deen et am Moment gëtt zu Lëtzebuerg: de Logement. De Maurice Molitor huet de ganzen Dag nogelauschtert.