Aktuelles
Lëtzebuergesch amplaz Däitsch?
4 min
De Soziolinguist Fernand Fehlen huet an engem Debat vun der ASBL Plattform fir Immigratioun an Integratioun fir eng Reform vum Sproochenunterrecht an der Grondschoul plaidéiert. De Schoulsystem wier a sengen Ae méi gerecht a méi zäitgeméiss, wann d'Kanner op Lëtzebuergesch géifen alphabetiséiert ginn. Wichteg Friemsprooche wieren d'Franséisch an d'Englesch - Däitsch kéint een och eréischt am Lycée léieren. Den Educatiounsminister Claude Meisch ass mat där Iddi net averstanen. D'Pia Oppel huet den Debat suivéiert.