Aktuelles
Vum 18. Mäerz un: E-Facturatioun fir Betriber obligatoresch
4 min
Vum 18. Mäerz u mussen all d'Betriber, déi ëffentlech Institutiounen als Client hunn, hir Rechnungen exklusiv an digitaler Form ausstellen. Dat geet aus engem Gesetz vun Dezember 2021 ervir, mam Zil d'Facturatiouns-Prozesser tëschent den ëffentlechen Entitéiten a senge Prestatairen ze vereinfachen. Wat scho vu leschtem Joer u fir Grouss- a Mëttelbetriber gëllt, soll an engem knappe Mount och fir kleng Betriber Realitéit ginn. Déi wieren deels awer nach net prett fir sech ëmzestellen, heescht et aus der Chambre des Métiers.
Ass déi elektronesch Facturatioun eng Vereinfachung oder dach eng Erausfuerderung fir d'Betriber? D'Marlène Clement huet nogefrot.