Aktuelles
Weltdag vum Radio: "D'Leit brauche live Stëmmen"
5 min
Haut, 13.2., ass de Weltdag vum Radio. D'UNESCO huet dësen Dag virun 12 Joer an d'Liewe geruff, fir un de Stellewäert vum Radio ze erënneren. De Sujet dëst Joer ass "Radio a Fridden". Fir déi Geleeënheet hu mir mat der Iryna Skrypak geschwat. Si ass Ukrainerin, koum d'lescht Joer op Lëtzebuerg an huet antëschent bei Radio ARA eng Kultursendung op Ukrainesch, eppes wat et virdrun esou net gouf.
D'Morgane Weidig huet mat hir iwwer hir Emissioun geschwat an doriwwer, wéi si d'Roll vum Radio, och a Krichszäiten, gesäit.