Radioen

On air

9 bis 1  |  Beirut - Postcards From Italy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

Panorama

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow

1. An der Äerdbieweregioun an der tierkesch-syrescher Grenzregioun lafen d'Rettungsaarbechten op Héichtouren. Den tierkesche President huet fir zéng Provënzen den Noutstand ausgeruff. D'Zuel vun den Affer beleeft sech op iwwer 5.000
2. D'Ukrain soll iwwer 100 Leopard 1 Panzer vun engem Grupp vun europäesche Staaten geliwwert kréien, dat sot deen däitsche Verdeedegungsminister Boris Pistorius haut zu Kiew. Bis d'éischt Trimester 2024 sollen op d'mannst dräi Bataillounen domadder ekipéiert sinn
3. D'Populatioun zu Lëtzebuerg ass an de leschten zéng Joer ëm 25 Prozent geklommen, Enn 2021 hu 644.000 Leit hei am Land gelieft. De Statec huet de Moien déi neisten Zuele presentéiert
4. De Fluchhafe Hahn ka momentan nach net vun engem russeschen Oligarch iwwerholl ginn, an enger Versammlung vun de Creanciere gouf et haut nach keen Accord. Dee russeschen Pharma-Investisseur Viktor Charitonin hat Interessi gewisen. Engem Porte parole vun de Creancieren no wieren nach ëmmer zwee Kandidaten am Gespréich, déi allebéid gutt Kaarten hätten. Bis Mäerz soll eng Léisung fonnt ginn
5. Déi Paräisser Buergermeeschtesch Anne Hidalgo wëllt keng russesch Athleeten op der Olympiad an der franséischer Haaptstad. Am Géigesaz zum IOC ass si der Meenung, datt dat net géif goen, esou laang wéi de Krich an der Ukrain géif undaueren
6. De franséische Bankegrupp BNP Paribas wäert dem Lëtzebuerger Staat als Co-Aktionär eng 50 Milliounen Euro un Dividende bezuelen. De Bankegrupp huet d'lescht Joer e Rekordbenefice vun 10,1 Milliarden Euro realiséiert
7. RTL wëllt beim Editeur Gruner und Jahr eng ganz Rei Magasinner ofschafen oder verkafen. Bleiwe sollen awer grouss Nimm wéi Stern, Geo a Brigitte. Parallel sollen eng 700 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn
8. De Buergermeeschter vu Metz François Grosdidier gouf haut zu enger Prisongsstrof vu sechs Méint verurteelt. Hie soll a senger Zäit als Deputéierten 160.000 Euro un ëffentleche Gelder un eng Associatioun iwwerwisen hunn, bei där hie selwer President war





Episoden

Moiespanorama

Waffestëllstand Gaza: Israel huet 90 palestinensesch Prisonnéier fräi gelooss / Donald Trump: Gëtt den Owend um 18h als 47. US President vereedegt / Iran: Rapper Amir Tataloo zu Dout verurteelt
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Waffestëllstand Gaza: Israel huet 90 palestinensesch Prisonnéier fräi gelooss / Donald Trump: Gëtt den Owend um 18h als 47. US President vereedegt / Iran: Rapper Amir Tataloo zu Dout verurteelt
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Zënter 2 Stonnen: Wafferou an der Gazasträif / D. Trump wëllt direkt massiv Ausweisunge maachen / Out fir TikTok an den USA
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanorama

Keng Wafferou fir d'Gazasträif / D. Trump: d'Massenofschiebungen aus den USA wäerte séier ufänken / Frankräich: Sträit am Nouveau Front Populaire
headphones

8 min

play_arrow

Owespanorama, 18. Januar

Mat de Sujeten: Impfung géint d'Gripp, Waffestëllstand tëscht Israel an der Hamas an Divergenzen an der franséischer Gauche
headphones

9 min

play_arrow

Mëttespanorama

Gazasträif: Waffestëllstand muer de Moien um 1/2 8 / Bei eis hu vill Leit d'Gripp / D. Trump an X. Jinping wëlle Problemer léisen
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Gazasträif: muer soll eng Wafferou a Kraft trieden / Luxair: Kollektifvertragsverhandlunge ginn op d'Conciliatioun / Kalifornien: liicht Entspannung, mee weidere Wand erwaart
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Gazasträif: muer soll eng Wafferou a Kraft trieden / Luxair: Kollektifvertragsverhandlunge ginn op d'Conciliatioun / Kalifornien: liicht Entspannung, mee weidere Wand erwaart
headphones

10 min

play_arrow

headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

DP bekräftegen exklusiv Roll fir Gewerkschaften / Waarden op gréng Luucht fir Friddensaccord / Europäesch Finanzhëllef fir Syrien
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Waffestëllstand Gazasträif: Israel kann Accord elo awer acceptéieren / David Lynch: US Filmregisseur mat 78 Joer gestuerwen / FEDIL: Onsécher geopolitesch Situatioun hätt Impakt op Wirtschaft
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Waffestëllstand Gazasträif: Israel kann Accord elo awer acceptéieren / David Lynch: US Filmregisseur mat 78 Joer gestuerwen / FEDIL: Onsécher geopolitesch Situatioun hätt Impakt op Wirtschaft
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Wollefsweibchen am Raum Dol eendeiteg confirméiert / Neie Rekord: CFL mellt 31 Millioune Passagéier 2024 / Steiererklärung gëtt vereinfacht
headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

25 Joer Prisong am Heeschpelter Mordprozess / Gaza-Accord nach net ëmgesat / Brittesche Premier zu Kiew
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Gaza: Accord fir e Waffestëllstand an d‘Fräiloossung vun de Geiselen / Déi Lénk: CSV hätt hir Wäerter verluer / Joe Biden: US President warnt virun enger Oligarchie an den USA
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Gaza: Accord fir e Waffestëllstand an d‘Fräiloossung vun de Geiselen / Déi Lénk: CSV hätt hir Wäerter verluer / Joe Biden: US President warnt virun enger Oligarchie an den USA
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Kulturminister plangt Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch/ Verwaltungsgeriicht: Beschafungskontrakter vu Corona-Impfstoffer / Karlspräis geet dëst Joer un d'EU-Kommissiounspresidentin
headphones

10 min

play_arrow

Mëttespanorama

Südkoreanesche Präsident gouf festgeholl / LCGB insistéiert op Kollektivvertraeg / Christophe Hansen warnt virun Maul-a Klauenseuch
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Lëtzebuerg am Weltall: Mound-Rover gouf lancéiert / No Reunioun mam Premier: Gewerkschaften erwaarde konkret Resultater / Südkorea: Suspendéierte President gouf verhaft
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Südkorea: Suspendéierte President gouf verhaft / No Reunioun matt Gewerkschaften: Premier huet Sozialronn ugekënnegt / Lëtzebuerg am Weltall: Mound-Rover soll de Moie lancéiert ginn
headphones

10 min

play_arrow