Aktuelles
"D'Clientë vu Cenaro sinn an eng domm Situatioun gerutscht"
5 min
Den Immobiliegrupp Cenaro mat Sëtz op der Cloche d'Or huet an de leschte Woch fir eng Partie Schlagzeile gesuergt: Cenaro Group, Cenaro Technical Services an d'Baubranche Chevallier Construction si faillite. Investisseuren a Keefer vu Wunnengen oder Haiser hu Plaintë gemaach. Haut virun enger Woch koum et zu Perquisitiounen an zu enger Festnam: dat am Kader vun der Enquête wéinst dem Verdacht op ë. a. Bedruch, Fälschung, Abus de biens sociaux a Banqueroute frauduleuse.
D'Keefer vun Appartementer oder Haiser vum Grupp wieren elo an enger "dommer Situatioun", esou den Affekot Georges Krieger: si wéissten net, wéi si de Bau vun hiren Immobilie solle fäerdeg kréien.
De Serge Kesseler mat Hannergrënn