arrow_back_ios
Aktuelles
Sträit am Gemengerot zu Réiden op der Atert
Wéi mir dat gëschter Owend gemellt hunn, spëtze sech d'Streidereien an der Gemeng Réiden op der Atert zou. Ëm wat geet et genee? De Gemengerot huet decidéiert, datt den zweete Schäffen Tom Faber vun all senge Mandater an den Syndikater an ASBLen entbonne gëtt. De Vott am Gemengerot war quasi unanime. Eng Persoun huet sech enthalen. Hannergrond ass e Vertrauensbroch tëschent dem Buergermeeschter Henri Gerekens an dem zweete Schäffen. Detailer mam Maxi Pesch