Aktuelles
A 95 Minutte mam Zuch vu Lëtzebuerg op Saarbrécken
4 min
An enger Stonn a 35 Minutte mam Zuch vu Lëtzebuerg op Saarbrécken, dat kéint dem Mobilitéitsministère no 2035 Realitéit ginn. Aktuell brauchen d'Passagéier mam Zuch op d'mannst zwou Stonnen 20 - iwwer Tréier oder iwwer Metz - fir op Saarbrécken.
Fir den Trajet tëschent dem Saarland a Lëtzebuerg ze verbesseren, gi schonn zanter Joren alternativ Zuchstrecken ënnersicht. Och d'Propos vun enger direkter Zuchstreck iwwer Bouzonville läit um Dësch. Eng Etude soll elo iwwerpréiwen, wéi eng sech als déi bescht Optioun erausstellt. Eng Optimisatioun vun der Zuchstreck Lëtzebuerg-Metz-Saarbrécken kéint awer nëmmen da realiséiert ginn, wa sech d'Acteuren aus der Groussregioun géingen eens ginn. Déi concernéiert Acteure sollen nach dëst Joer zesummekommen. Marlène Clement mat weideren Detailer