Aktuelles
"Ech perséinlech ginn net oft op den Autosfestival"
3 min
Haut (23.1.) ass den Optakt vum Autosfestival. Fir déi nächst zwou Woche gëllen deemno bei den Autoshändler speziell Offeren. Rezent Statistike weisen, datt zu Lëtzebuerg am leschte Joer vill manner nei Autoe kaaft goufe wéi nach déi Jore virdrun. No de leschten zwee Krisejoren erwaart d'Federatioun vun den Autodistributeuren (FEDAMO) sech awer fir dës Editioun vum Autosfestival ee méi héijen Undrang.
D'Morgane Weidig an de Joé Birchen hu bei de Leit dobaussen ënner anerem nogefrot, ob si vum Festival profitéiere wäerten.