Aktuelles
Lëtzebuerger Aktivistin zu Lützerath
5 min
De Raum-Asaz vun der Police zu Lützerath, hei vir an Däitschland, ass eriwwer - gëschter hunn och déi lescht zwee Klima-Aktivisten, déi an engem Tunnel ënner dem Duerf souzen, de Site verlooss. Lützerath soll ofgerappt an d'Kuel ënnen drënner ofgebaut ginn. Dogéint hunn an de leschte Wochen dausenden Aktivistinnen an Aktiviste protestéiert. Dorënner waren och op d'mannst aacht Lëtzebuerger. D'Sophie Schroeder huet mat enger Lëtzebuerger Aktivistin, déi anonym bleiwe wëllt, geschwat.