Aktuelles
Zukunftsstad Kiruna
5 min
All Dag gi 75.000 Tonnen Eisenäerz aus dem Buedem gezunn. Dat blouf net ouni Suitten. Well verschidde Gebaier riskéieren an de Koup ze falen, muss een Drëttel vun der Stad plënneren. Dat ass néideg, fir dat d'Minn weider kann exploitéiert ginn. Datt elo och nach an där Géigend dee gréissten europäeschen Depôt vun rare Metaller entdeckt gouf, kéint d'Liewen zu Kiruna weider veränneren.
D'Danièle Weber war an der Stad ganz uewen am Norden, 150 Kilometer nërdlech vum Polarkrees an hëlt eis mat, direkt erof an d'Minn zu Kiruna.