arrow_back_ios
Aktuelles
120 Millioune Liter Drénkwaasser pro Dag
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Mam neien Drénkwaassergesetz ginn d'Qualitéits-Norme fir d'Drénkwaasser aktualiséiert, mat nach méi strenge Parameteren, fir zum Beispill Bläi an aner Elementer, déi an d'Drénkwaasser kéinte geroden. De Konsum vu Krunnewaasser gëtt weider encouragéiert. An all Gemeng soll an Zukunft en ëffentleche Drénkwaasser-Distributeur installéiert ginn. De Pierre Reyland mat weideren Detailer.