arrow_back_ios
Klassik aktuell
Schrëftsteller, Sproochfuerscher a Komponist
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Schonn als Bouf huet den Edmond de la Fontaine - den Dicks - Gei a Piano geléiert, éier hie sech berufflech als Affekot etabléiert huet. D'Musek ass awer een Deel vu sengem Liewe bliwwen, vu sengem Liewen als Schrëftsteller, deen och déi passend Melodien zu senge Bünestécker geschriwwen huet. De 24. Juli 1823 koum den Dicks an der Stad op d'Welt, an d'Militärmusek ass deen éischten, deen dem Edmond de la Fontaine fir de Bi-Centenaire gratuléiert - mat engem Concert iwwermuer Samschdeg (14.1.) am Kulturhaus zu Miersch.