arrow_back_ios
Aktuelles
Politesch Mandater op Gemengenniveau solle méi attraktiv ginn
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
D'Preparatioune fir d'Gemengewalen den 11. Juni lafen. Mat och enger Rei Changementer, déi d'Inneministesch Taina Bofferding gëschter nach emol virun der Press presentéiert huet. Esou ass ënner anerem fir Net-Lëtzebuerger den Aschreiwungsdelai fir ze wielen dëst Joer fir eng éischte Kéier méi laang, an d'Residenzklausel vu fënnef Joer fält ewech. Wat awer bestoe bleift ass de Seuil vun den 3.000 Awunner fir vum Majorz- an de Proporzsystem ze wiesselen. D'Marlène Clement huet weider Detailer.