arrow_back_ios
Aktuelles
Prime de Présence als Léisung géint Absenteismus?
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Eng 30 bis 40 Prozent vun den Entreprisë mat Kollektivvertrag zu Lëtzebuerg bezuelen hiren Mataarbechter eng sougenannt Prime de Présence. Dat ass eng Schätzung vun der Gewerkschaft LCGB. Ënner Prime de Présence versteet een eng Primm, déi Mataarbechter um Enn vum Mount kréien, wa si dee Mount keen eenzegen Dag Krankheets-bedéngt gefeelt hunn. Ass dat eng Mesure géint den Absenteismus? D'Sophie Schroeder krut op déi Fro keng kloer Äntwert.