Dëse Mäerz ass et 50 Joer hier, datt de Béiwenger Edward Steichen mat 94 Joer am Connecticut als bekannte Kënschtler, Fotograf a Curateur gestuerwen ass. Als Hommage bréngt d'Ekipp vun eisem Nationalmusée eng Publikatioun zu hirer Sammlung vu ronn 180 Steichen-Fotografien eraus: se huet knapps 500 Säiten a bréngt dräi an en hallwe Kilo op d'Wo! Parallel dozou huet de Chefconservateur vun der Konschtsammlung vum MNHA, de Ruud Priem, eng interessant Expo konzipéiert: hie konfrontéiert schwaarzwäiss Naturopname vum Edward Steichen, aus den Ufanksjoren, mat -éischtens- giganteschen Naturfotoen a schwaarzwäiss am grousse Format vum hollännesche Fotograf Erwin Olaf an -zweetens- mat schwaarzwäisse Waasserfaarf-Molereien a Skulpturen vum belsche Kënschtler Hans Op de Beeck. Doduerch entsteet eng Aart Dramwelt, eng interessant Twilightzon. Dozou de Ruud Priem um Mikro vum Kerstin Thalau
arrow_back_ios
Kultur
Inspired by Steichen
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
Episoden
Nei Placke vun Archive, Apparat an Altin Gün
Dräi nei Albumme fir op d'Oueren!
Vun IA (intelligence artificielle) zu IA (intelligence ancienne)
Elektron stelle mat Konscht, digitalen Technologien a Wëssenschaft nuancéiert gesellschaftlech Froen.
Eng BBC-Kannersendung
De Lëtzebuerger Sean McCormack huet eng Kannersendung fir BBC realiséiert.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Virschau op déi 16. Editioun vum Luxfilmfest
E Gespréich mam kënschtlereschen Direkter vum Festival Alexis Juncosa
Film vun der Woch: "The History of Sound"
Dem südafrikanesche Cineast Olivier Hermanus säin Drama handelt vu Léift, Erënnerung a populäre Gesang.
Sech un der Luucht verbrennen: "Moth" a "Connemara"
Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker rezenséieren "Connemara", eng däitschsproocheg Bünenadaptéierung vum Nicolas Mathieu sengem Roman an dem Edsun säi Stéck "Moth".
Laurence Brasseur: Observatoire de la Culture
Wat sinn d'Ziler, Missiounen an d'Repercussioune vum neien Observatoire fir d’Kultur?
Siichtbar maachen: LGBTQIA+ an englesche Muséeën
An England ass de Februar de Mount vun der LGBTQIA+-Geschicht. Eng ganz Partie Muséeë setzen de Fokus op d'Aarbecht, déi si zanter Jore maachen.
D’Privatsphär als Informatiounsquell iwwer sozio-historesch Praktiken
Eng fotografesch Dokumentatioun vu perséinlechen Erënnerungsstécker am Elterenhaus
Dem Edsun säi Stéck "Moth" den Owend a muer am Mierscher Theater
"Moth" ass eng pluridisziplinär Kreatioun, déi vun neier Musek vum Edsun gedriwwe gëtt, deen de Projet och dirigéiert huet.
The Morning Show
Hanner de Kulisse vun enger grousser Televisiounsproduktioun: "The Morning Show" erzielt vun Intrigen, Karriären an de Mënschen hanner der Kamera.
Berlinale: Am Gespréich mat der Ulrike Ottinger
An hirem Film "Die Blutgräfin" léisst d'Ulrike Ottinger d'Isabelle Huppert eng bluttgäil Vampirin, ugeleent un d'historesch Figur vun der Elisabeth Báthory, spillen.
Josh Island - Imaginary Borders
De 6. Mäerz kënnt dem Lëtzebuerger Singer-Songwriter Josh Island säin 2. ALbum "Imaginary Borders" eraus, de Release Concert ass den Dag drop owes am Rockhal Club.
Zeréck an d'Vergaangenheet ...
... d'Shortlëscht fir den Präis vun der Leipziger Bicherfoire
Ee Festival mat engem sozialen Dréi: Aralunaires 2026
Enn Abrëll bis Ufank Mee ass déi 17. Editioun vum Aralunaires, engem Festival, deen eis kleng Nopeschstad Arel an eng Spillplaz fir musikalesch Entdeckunge verwandelt.
Mat Nonhuman Nonsense Attitudë changéieren, fir Verantwortung plädéieren
En Design-a-Konscht-Trio géint de sens commun a fir Metamorphosen
De Floss vun der Leipziger Buchmesse ...
... heescht dëst Joer Donau
Concert: La Dispute an der Rockhal
Gëschter war déi amerikanesch Post-Hardcore Band an der Rockhal zu Gaascht. De Jeff Schinker an de Marc Clement deelen hir Andréck ...