Aktuelles
850 Milliounen Euro fir de Stroossen-, Zuch- an Tramsreseau
5 min
D'Infrastrukturprojeten, un deenen dëst Joer geschafft gëtt, kéinte méi deier gi wéi geplangt. Dat fäert de Mobilitéitsminister François Bausch. Als Haaptgrond nennt de Minister d'Energiekäschten a Problemer mat de Liwwerketten. Fir 2023 si ronn 850 Milliounen Euro am Budget fir den Ausbau vum Stroossen-, Zuch- an Tramsreseau virgesinn. Iwwer d'Hallschent vun deene Sue gëtt an den Ausbau vum Zuchreseau investéiert. 280 Milliounen Euro wäerten an de Stroossebau investéiert ginn. Iwwereg bleiwen dann eng 50 Milliounen Euro fir den Ausbau vum Tram.
De Jo Diseviscourt resuméiert déi grouss Infrastrukturprojeten, déi dëst Joer an Ugrëff geholl ginn oder scho fäerdeggestallt ginn.