arrow_back_ios
Klassik aktuell
De Fluch vum populäre Concerto
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
250 Daler krut de Max Bruch fir d'Partitur vu sengem beléiften éischte Geieconcerto. Eleng mat dësem Wierk hätt de Komponist vu Köln e räiche Mann kënne ginn. Köln, de Rhäin - ee Landstreech, deen och dem Max Bruch seng Musek beaflosst huet. Romantik gëtt bei him grouss geschriwwen - och nach an enger Zäit, wou d'Musek déi Kläng schonn hanner sech gelooss hat. De bedeitende Komponist war a senge leschte Joren e vergiessene Museker an ee verbatterte Mënsch. De 6. Januar 1838 koum de Max Bruch zu Köln op d'Welt.