Aktuelles
De Klimabiergerrot: e Modell fir d'Zukunft?
5 min
Mam Klimabiergerrot gouf d'lescht Joer een neit Instrument an der Lëtzebuerger Politik ageféiert. Dëse Rot besteet, wéi den Numm et well seet, net aus Experten, mee aus Bierger, déi extra dofir ausgewielt goufen. Si hu sech mam Sujet Klima an Ëmweltpolitik befaasst an dozou Enn Oktober eng Rei Fuerderungen un d'Politik gestallt. Ugefaangen huet dat Ganzt virun iwwer engem Joer. Wéi gutt de Klimabiergerrot als Outil vun der Biergerbedeelegung funktionéiert huet, gëtt elo analyséiert. Ee Réck- an Ausbléck vum Jo Diseviscourt