arrow_back_ios
Aktuelles
Ukrainer bei enger Lëtzebuerger Famill
Zanter dem Ufank vum Krich si ronn aacht Millioune Leit aus der Ukrain geflücht. Iwwer 5.000 Ukrainer sinn op Lëtzebuerg komm, wou si entweder a Wunnstrukturen opgeholl goufen, oder bei private Famillen doheem.
De Jo Diseviscourt huet eng ukrainesch Famill getraff, déi zanter Mee bei Lëtzebuerger doheem wunnt. Fir d'Sasha an hir dräi Kanner eng schwiereg Situatioun, déi si awer mat vill Wëllen an der néideger Portioun Chance bewältegt kréien.