arrow_back_ios
Aktuelles
35-Stonne-Woch
Eng vun den Diskussiounen, déi dëst Joer geféiert gouf, an déi eis och am neie Joer beschäftege wäert, ass déi, ob d'Aarbechtszäit zu Lëtzebuerg soll verkierzt ginn. An der Chamber gouf et am Hierscht eng Debatt iwwer eng Petitioun, déi bei gläichem Salaire eng 35 Stonnewoch gefuerdert huet am Plaz vun der aktueller 40 Stonnewoch. Duerch dës Petitioun huet de Sujet neie Schwong kritt, an e kéint en Vue vun de Chamberwalen d'nächst Joer och aktuell bleiwen. Hannergrënn vum Jo Diseviscourt.