Wann een déi éischt Täkt vu "Mamacita" lauschtert, där neier Single vum Turnup Tun, alias Tun Tonnar, da wonnert ee sech fir d'éischt: Ass dat éieren e Summerhit matzen am Wanter? Mee fir den Tun Tonnar ass d'Lidd mat senge melancholeschen Ënnertéin éischter e Virleefer vu sengem neien Album, deen am Abrëll soll erauskommen, an dee versprécht, méi perséinlech ze ginn.
D'Claudine Muno huet sech mam Museker iwwer d'Single, säi Bezuch zum Mainstream a seng Roll als Produzent ënnerhalen.