D'Formatioun "Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur" (ZLSK) gëtt vum nächste Joer un 2 x am Joer vum Nationale Sproocheninstitut (INL) ugebueden. Déi nächst Formatioun ass fir de Februar 2023 virgesinn an ass och liicht aneschters wéi bis elo.
Et ass déi éischte Kéier, datt dës Formatioun am Blended learning-Format ofgehale gëtt. 50 Prozent vun de Coursë ginn a Form vu Presenzunterrecht ofgehalen (15 Stonne Literatur an 30 Stonnen Didaktik). D'Aschreiwunge si bis den 9. Januar 2023.
Mir hu mam Luc Schmitz geschwat, Directeur-Adjoint vum INL