Aktuelles
Chaire parlementaire: Méi Sue fir nei Missiounen
Op der Uni Lëtzebuerg hu gëschter déi éischt 23 Absolventinnen an Absolvente vum Master a parlamentaresche Studien hiren Diplom kritt. De Lancement vun deem Studiegang war viru véier Joer an der leschter Konventioun tëschent der Chamber an der Universitéit ofgemaach ginn. Déi Konventioun leeft elo aus a gëtt duerch eng nei ersat. De parlamentaresche Léierstull op der Uni gëtt zanter 2011 vun der Chamber finanzéiert. An e kritt an den nächste véier Joer wesentlech méi Suen, fir gläich e puer nei Projete kënnen ëmzesetzen. E Bäitrag vum Maurice Molitor