arrow_back_ios
Aktuelles
WM-Boykott zu Lëtzebuerg?
Wéi gesäit et hei am Land aus mam Boykottéiere vun der Fussballweltmeeschterschaft am Katar? Am Virfeld vun der WM gouf vill doriwwer diskutéiert - souwuel wat d'Kucken doheem oder am Café ugeet, wéi och wat d'Public Viewinge betrëfft. An eisen Nopeschlänner ginn et iwwerall Bistroen déi decidéiert hunn, aus politesche Grënn d'Matcher net ze weisen.
De Jo Diseviscourt huet nogefrot, wéi dat zu Lëtzebuerg ass.