arrow_back_ios
Aktuelles
"En Français, s'il te plaît"...
Eelef Kanner léieren dëst Schouljoer an der Nelly-Stein-Schoul zu Schëffleng op Franséisch Liesen a Schreiwen. Ëm dëse Pilotprojet geet et an der véierter Episod vun eiser Podcast-Serie "Schlechte Schüler", déi vun haut un disponibel ass. D'Pia Oppel war op engem Freideg Moien an der Schëfflenger Schoul op Besuch bei der Sarah Scholtes, déi als Léierin um Projet bedeelegt ass.