Aktuelles
"Wéi an engem Schluechthaus" - Wann d'Gebuert zum Albdram gëtt
Zu Lëtzebuerg ginn et keng Daten doriwwer, wéi vill Frae Gewalt bei der Gebuertshëllef erliewen. Eng Enquête doriwwer ass op eis Nofro hin am Gesondheetsministère och net virgesinn, genee esou wéineg wéi eng Sensibiliséierungscampagne. Mee wéi an alle Länner erliewen och hei am Land d'Frae Gewalt bei der Gebuertshëllef. Fir d'Affer ze ënnerstëtzen, gëtt et de Roses Revolution Dag. Haut sollen déi Betraffe rosafaarweg Rousen op där Plaz néierleeën, wou si Gewalt erlieft hunn. D'Silvana wäert hir Rous virun der Maternité néierleeë. D'Maxi Pesch huet mat der Mamm geschwat.