Aktuelles
D'Caritas iwwer mannerjäreg Flüchtlingen zu Lëtzebuerg
D'Caritas fuerdert eng besser Prise en Charge vu mannerjärege Flüchtlingen hei am Land. D'Caritas revendiquéiert hei eng zentral Ulafstell, déi all d'Rechter vun de jonke Flüchtlingen ka consideréieren. Dofir wier eng méi enk Zesummenaarbecht tëschent ville Ministèrë gefuerdert. Am wichtegste wier et der Caritas no, datt den Office National de l'Enfance d'Prise en Charge vu jonke Flüchtlingen hei am Land iwwerhëlt. Well den ONE fir Persounen bis zu 27 Joer responsabel ass, misste jonk Flüchtlingen, déi 18 gi sinn, net direkt an eng nei Struktur fir Erwuessener versat ginn. D'Sophie Schroeder mat Detailer