Aktuelles
Chamber ass enttäuscht iwwer COP27
4 min
D'Klimakonferenz 27 huet d'Erwaardungen net erfëllt, dat war allgemeng de Fazit, deen déi verschidde Parteien an der Chamber gëschter an enger Debatt gezunn hunn.
Dat eenzegt Positiivt wier d'Schafe vun engem Entschiedegungsfong, deen de vulnerabelste Länner, déi ënner dem Klimawiessel leiden, zegutt kënnt. Dat huet den Deputéierte vun der Piratepartei de Sven Clement ënnerstrach. Well een awer a Punkto weider Reduzéierungsziler op der COP27 näischt konnt erreechen, dierft een net op déi nächste Klimakonferenz waarden, mee et muss een direkt hei agéieren. D'Carole Schimmer mat Detailer