Aktuelles
Reaktiounen op d'Resultater vun der COP27
4 min
Vill Vertrieder vun Ëmweltverbänn hei zu Lëtzebuerg weise sech gréissten Deels enttäuscht iwwer den Ausgang vun der COP27 zu Scharm El Scheik. Deeglaang gouf verhandelt. Um fréie Sonndeg Moie hu sech ronn 200 Länner op eng Ofschlosserklärung gëeenegt. Finanzhëllefe fir méi aarm Länner an d'1,5-Grad-Zil: d'UN-Klimakonferenz huet a ville Beräicher Entscheedunge getraff.
De Knackpunkt vun dëser Klimakonferenz ass wuel d'Decisioun, ee Kompensatiounsfong anzeriichten, fir d'Klimaschied an Entwécklungslänner auszegläichen. Dat wier ee wichtege Schrëtt a Richtung Gerechtegkeet, mee elo misst dat och ëmgesat ginn.
D'Sophie Schroeder mat weideren Detailer