Aktuelles
Reaktiounen op d'Resultater vun der COP27
Vill Vertrieder vun Ëmweltverbänn hei zu Lëtzebuerg weise sech gréissten Deels enttäuscht iwwert den Ausgang vun der COP27 zu Scharm El Scheik. Deeg laang gouf verhandelt. Um fréie Sonndeg Moien hu sech ronn 200 Länner op eng Oflschlosserkläerung gëeenegt. Finanzhëllefen fir méi aarm Länner an d'1,5-Grad-Zil: d'UN-Klimakonferenz huet a ville Beräicher Entscheedunge getraff. De Knackpunkt vun dëser Klimakonferenz ass wuel d'Décisioun, ee Kompensatiounsfong anzeriichten, fir d'Klimaschied an Entwécklungslänner auszegläichen. Dat wier ee wichtege Schrëtt a Richtung Gerechtegkeet, mee elo misst dat och emgesat ginn.