Aktuelles
E jonke Lëtzebuerger bei der COP27
5 min
D'Welt-Klimakonferenz zu Sharm El-Sheikh an Ägypten ass elo a senger zweeter Woch. Ëmweltministeren, dorënner d'Joëlle Welfring, sinn elo och um Roude Mier. Si sollen Enn vun dëser Woch en Accord fannen ënner bal 200 Länner, deen d'Versprieche vum Paräisser Klimaofkommes konkretiséiert a weist, datt et nach ëmmer méiglech ass d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren.
Nieft de groussen nationalen Delegatiounen an de Negociatiouns-Raim sinn och vill aner Leit op der COP27 ënnerwee, ënner hinnen och e jonke Lëtzebuerger, dee seng eege Perspektiv op esou eng Welt-Klimakonferenz matbréngt. Eise Korrespondent Philip Crowther huet sech zu Sharm El-Sheikh mat him ënnerhalen.