Aktuelles
Nei preventiv Behandlung géint den RS-Virus
3 min
D'EU-Kommissioun gëtt gréng Luucht fir den RSV-Traitement Nirsevimab. Dat hunn AstraZeneca a Sanofi, déi d'Medikament entwéckelt hunn, d'lescht Woch matgedeelt.
Den Ament géingen nees aussergewéinlech vill kleng Patiente mat enger Bronchiolite an der Kannerklinik behandelt ginn, seet d'CHL-Kannerdoktesch Isabelle de la Fuente. Haaptausléiser heifir ass de sougenannte Respiratoresche Synzytial-Virus, deen den Ament a ganz Europa d'Better an de Kannerklinicke fëllt. Eng nei preventiv Behandlung géint den RS-Virus suergt fir Hoffnung. D'Marlène Clement mat Detailer