Aktuelles
Schlechte Schüler - Podcast
5 min
Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Déi Fro stellt de radio 100,7 a "Schlechte Schüler" - eisem éischte journalisteschen Original-Podcast. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech iwwer sechs Episode mat an d'Schoul. Si weisen, wat am Schoulsystem scho sou fréi schif leeft - a wéi Léisunge kéinten ausgesinn. Vun haut u gëtt de Podcast "Schlechte Schüler" all Méindeg op 100komma7.lu publizéiert, grad ewéi op den übleche Podcast-Plattformen.