Aktuelles
Midterms an den USA
4 min
An den USA gëtt haut nees gewielt. Déi sougenannte Midterm-Wale stinn un. Déi gëllen net nëmmen als Stëmmungsbarometer, mee si entscheeden och, wéi handlungsfäeg de President Joe Biden an der zweeter Hallschent vu senger Amtszäit wäert sinn. Et geet nämlech drëms, wien d'Majoritéit am Senat an am Representantenhaus kritt: Republikaner oder Demokraten? Villes deit op ee Succès fir d'Republikaner hin. Wa béid Haiser un d'Republikaner géinge falen, kéinte si zukünfteg Gesetzespropose vum President Joe Biden blockéieren.Detailer mam Jo Diseviscourt